Gemeng Manternach
Chronologie vun der Geschicht
775 Berbuerg – An enger Urkund ass den 2. Juni 775 am Klouschter Lorsch de Numm Berensburgstorph ënnerschriwwe ginn.
Den Helmerich vermaacht deemools dem Klouschter Lorsch säin Härenhaf zu Soler mat all sengem Besëtz. Dozou seng Gidder zu Walther, Doller, Berburg, Jegen, Folendingen an zu Klüsserath. D’Original Urkund ass leider verluer , mee eng Oofschrëft fënnt een am Codex Diplomaticus Laureshamensis. (Staatsarchiv München).
1192 Berbuerg – Als éischten Här vu Berbuerg gëtt de Cuno de Belpere, Lehnsmann vun der Abtei Iechternach, Brudder vum Arnoldus ex castro Rupis (vu Schlass Fels) genannt. De Numm Belpere, Belrepere, Beaurepaire fënnt een an ähnleche Schreifforme bis an d’15. Joerhonnert, wou de Numm da fir d’éischt op Berperch, da Berpurg, Berdtburg a schlussendlech op Berburg variéiert.
1221 Berbuerg – Den Agnes von Berburg gëtt genannt.
1231 Berbuerg – De Wirich I. von Berburg genannt Wirich von Ouren, Herr von Berburg gëtt vun 1231-1258 genannt.
1236 Berbuerg – De Wirich vu Berbuerg siegelt nach mat Wirich von Ouren, Herr von Berburg.
1256 Berbuerg – Den Hugo von Berburg gëtt vun 1256-1267 als Klostervogt vun der Abtei zu Iechternach am Nopeschduerf Bech genannt.
1280 Berbuerg – De Johann von Berburg gëtt als Gefolgsmann a Vassall vum Keeser Heinrich VII. genannt deen oft am Keeserhaff zu Speier war. Him hu Lehensgidder zu Euren, Temmels, Biwer a Stolzebuerg gehéiert. Fir trei geleeschten Déngschter ass hie vum Schlass Lëtzebuerg mat den Allodoalgidder zu Mäertert a Waasserbëlleg beschenkt gin. Zu senger Zäit ass den 24.11.1280 och déi éischte Kéier d’Bann-Mille vu Berbuerg genannt ginn.
1288 Berbuerg – D’Katharina von Berburg gëtt als zweet Priorin am adelege Fraëklouschter Mariental genannt.
1300 Berbuerg – De Johannes von Berburg ass ëm 1300 Paschtouer zu Biwer
1302 Lellig – An enger Urkund vum 2. Mee 1302 bekennen die „Wildgrafen“ Konrad a Gottfrid, datt sie op Uerder vum Edelkniecht Wirich vun Neumagen een Haus an een Haff, wou de Wirich sech bis elo drëm gekëmmert hat, deem sengem Schwoer dem Ritter Godfrid von Lellig ënnert deene selwechte Konditiounen zu Lehn ginn hun.
1303 Berbuerg – De Wirich II. vu Berbuerg gëtt net oft genannt (1303-1328). Hie war bestuet mam Agnes vu Burschend.
1315 Berbuerg – Den Heinrich von Berburg ass Paschtouer vun 1315-1341 zu Consthum.
1328 Berbuerg – De Sogier (Sohn Wirichs II) vu Berbuerg, Pater zu Iechternach vun 1328-1352
1328 Berbuerg – De Wirich III. vu Berbuerg gëtt tëschent 1328 an 1360 genannt. Hien war Adelsrichter vum Herzogtum Lëtzebuerg vun 1353-1360. Hien ass begruewe gi virum Altor vun der helleger Katharina an der Abteikirch zu Iechternach.
1334 Lellig – De Clais I von Lellich gëtt zu Tréier als Schäffen ernimmt.
1371 Lellig – De Walter von Lellich stierft virun 1371
1371 Lellig – De Clais II von Lellich der Alte, war bestuet mam Jeannette aus Iechternach, war Schäffen, Riichter a Schultheis zu Iechternach vun 1371 bis 1411.
1371 Lellig – Den 22.06.1371 erklärt de Johann vu Budingen folgendes: dass er dem Clesgin von Berperg, Sohn vim verstorbenen Weter von Lellich und seiner Frau Schennette von Echternach seine Herrschaftsrechte in Budingen, Weildingen und Wilre für 200 Robertusgulden verkauft habe.
1379 Berbuerg – De Wynemar II. vu Gymnich, Här vun Diddleng a Berbuerg gëtt genannt vun 1379-1398. Hie war bestuet mam Anna von Fontoy (Fentsch). Sie sinn iwwert de Wee vum Bestietnis vun enger Duechter vum Wirich III. vu Berbuerg an de Besëtz vun der Herrschaft Berbuerg komm.
1384 Lellig – Den 7. Februar 1384 keeft de Claisse von Lelche, zur Zäit Riichter zu Iechternach, Gidder zu Eppelduerf, Bigelbach, Reisdorf, déi en Afterlehen vun der Abtei Iechternach waren a gëtt domat Lehnsmann vum Abt.
1391 Lellig – Ët existéiert nach de Sigel vum Clais von Lellich der Alte am Nationalarchiv.
1395 Lellig – De Clais von Lellich gëtt als Schäffen zu Tréier genannt.
1400 Berbuerg – De Wynemar III. an den Erhart von Gymnich deelen sech d’Besëtzer vun Diddleng a Berbuerg am Joer 1400, woubäi den Erhart Berbuerg kritt. Hie war ee vun de bekanntsten Adelege vum Herzogtum Lëtzebuerg a war jorelaang mat sengem Brudder Wynemar Beroder vum Elisabeth von Görlitz.
1400 Berbuerg – Den Erhart von Gymnisch féiert vun 1400-1410 Krich mam Herzog Robert von Bar. Während dëse Gefechter ass d’Schlass Diddleng zerstéiert ginn an d’Festung Berbuerg 1402 vun de feindlechen Truppe belagert ginn.
1403 Lellig – An engem Dokument vum 03.03.1403 verkeeft de Clais III vu Lellich der Jonken dem Thilman vu Bruch, Meier zu Berbuerg, fir 25 Mainzer Gulden eng Platz an der Fräiheet Berbuerg, dat sougenannte manlehe von Lelch.
1411 Lellig – Dem Clais III von Lelche säin Haus zu Iechternach op der Maartplaz gëtt genannt.
1413 Berbuerg – Den Erhart von Gymnich gëtt vum Herzog Antoine von Brabant als Haaptmann vum däitschen Deel vu Lëtzebuerg ernannt. Hie soll souguer Generalgouverneur gewiescht sin.
1420 Berbuerg – Den Erhart von Gymnich féiert zesumme mat sengem Brudder Wynemar III. Krich géint den Erzbeschof vun Tréier wéinst deem senge Besëtzer zu Waasserbëlleg. Am Verlaaf vum Krich dee vu 1420 bis 1435 gedauert huet ass Waasserbëlleg komplett zerstéiert ginn.
1420 Lellig – Am Joer 1420 gëtt de Clais Meier zu Lellig, Bierger vun Tréier genannt, deen sech mam Erhard vu Gymnich iwwert eng gréisser Schold eenegt. Zu Lellig gëtt gesot, dat wär den haitegen Haff a Mäsch, wou deemools och e Schlass gestane soll hun. Wahrscheinlech war ët ë gréisser Härenhaus, dat dëser Famill gehéiert huet an nach an engem Akt vu 1479 als „Erbe zu Lellig“ genannt gëtt.
1442 Lellig – De Clais III von Lelche der Junge bestuet mam Else von Büdingen nach Möller, von Reisdorf nach Weber) gëtt ernimmt.
1454 Lellig – De Jean de Boulay, Här zu Zolver, Berbuerg an Diddleng a seng Fra d’Margareta d’Autel befreien de 15.04.1454 zu Gonschte vum Clais IV vu Lelche dem Jonken a senger Fra dem Irmgard all Gidder, déi sie an der Herrschaft Berbuerg besëtzen.
1466 Berbuerg – De Claude de Neufchatel, Här vu Fay & Grancey, Jong vum Marschall von Burgund Thiebault de Neufchatel bestuet 1466 d’Bonne (Gudula) de Boulay, dat vun hiren Elteren an de Besëtz vun der Herrschaft Berbuerg komm ass.
1469 Berbuerg – De Jean de Boulay stierft als treien Unhänger vum Herzog Philipp von Burgund. Hien war Member vum Lëtzebuerger Adel a Probst an der Staat Lëtzebuerg.
1473 Berbuerg – Aus de Feuerstättevereeschnësser ziele mir 23 Steierunitéiten
1473 Manternach – Aus de Feuerstättevereeschnësser ziele mir 20 Steierunitéiten
1473 Lellig – Aus de Feuerstättevereeschnësser ziele mir 18 Steierunitéiten
1477 Berbuerg – Den Erhart von Gymnnich ass 1447 gestuerwen an zu Diddleng begruewe ginn. Vue datt hie keng Kanner hat ass d’Herrschaft Berbuerg u säin Neveu de Jean de Boulay (von Bolchen) gaangen.
1478 Lellig – Am Contrat de Mariage steet beim Wilhelm I von Lellich von Berburg dran, datt him seng éischte Fra d’Catharina vun Uewerwampach d’Buerghaus vu Berbuerg mat de Gidder vu Reisduerf kritt.
1478 Berbuerg – Vun den Häre vu Berbuerg kommen och d’Häre vu Lellig, déi sëch laang Zäit d’Häre vu Lellig vu Berbuerg genannt hun. Z.Bsp. de Wilhelm vu Lellig vu Berbuerg, deen 1478 mam Catharina vu Wampach bestuet ginn ass.
1478 Berbuerg – Aus de Feuerstättevereeschnësser ziele mir 13 Steierunitéiten
1478 Manternach – Aus de Feuerstättevereeschnësser ziele mir 15 Steierunitéiten
1478 Lellig – Aus de Feuerstättevereeschnësser ziele mir 13 Steierunitéiten
1492 Berbuerg – De Claude de Neufchatel war Iefschenk vum Herzog vu Lëtzebuerg (säit 1437), Gouverneur vu Remiremont, Marche a Sierck, Generalleutnant vum Karl dem Kühnen von Burgund (1475); 1480 ass hien du Marschall vum Burgund ginn, Statthalter vu Besançon a Lëtzebuerg. Fier seng trei geleeschten Déngschter huet hie vum Karl dem Kühnen, vum Maria von Burgund an hirem Mann Maximilian vun Eisträich e puer Herrschaften kritt, ënner anerem d’Halschent vun Diddleng. 1492 ass hien dunn mam héchsten Uerden vum „goldenen Vließes“ ausgezeechent ginn. Dem Claude de Neufchatel huet an der Staat d’Haus von Fay gehéiert, wat spéider just nach d’Berbuerger Haus genannt ginn ass. Op engem Deel vum Gaart ass d’Léiffraëkirch gebaut ginn.
1499 Lellig – De Wilhelm I von Lellich von Berburg bestuet sech eng zweete Kéier mam Helena Mohr von Wald
1500 Lellig – Ëm 1500 heescht ët an Gerichtsbicher vu Berbuerg, dass d’Rengmauer ëm d’Lelcher Haus agefall war a vun de Leit misst erëm opgeriicht ginn.
1503 Berbuerg – De Claude de Neufchatel kritt d’Erlaabnis vum Erbherzog Philipp all Mount e Maart zu Berbuerg ze halen, dee vu jiddwerengem besicht duerf ginn.
1505 Berbuerg – De Claude de Neufchatel stierft a gouf an der Kierch vum fréieren Helleg-Geescht-Klouschter begruewen.
1526 Manternach – Aus de Feuerstättevereeschnësser ziele mir 7 Steierunitéiten
1526 Lellig – Aus de Feuerstättevereeschnësser ziele mir 13 Steierunitéiten
1529 Manternach – Aus der Erhebung durch den „Amptman zu Berpurgh“ Gerhart von Benzeraidt ziele mir 11 Steierunitéiten
1529 Lellig – Aus der Erhebung durch den „Amptman zu Berpurgh“ Gerhart von Benzeraidt ziele mir 12 an 1/2 Steierunitéiten
1530 Berbuerg – De Born Nikolaus ass Paschtouer vu 1530-1560 zu Berbuerg
1533 Berbuerg – D’Elise de Neufchatel, dem Claude de Neufchatel seng Duechter bestued sech mam Grof Dietrich von Manderscheid, Witmann vum Margareta von Sombref. D’Elisa ass no dem Grafsteen deen an der Abteikierch zu Iechternach war nach am selwechte Joer gestuerwen. D’Elisa hat am Joer 1530 zwee Kann vun hierer Cousine Elisabeth von Hunolstein adoptéiert, den Anton (+1531) an de Salentin von Isenburg. No hirem Doud huet de Salentin von Isemburg alle vun hier geierft, Och de Rechtstitel, an domat ass de Salentin Här vu Berbuerg ginn.
1537 Manternach – Aus der Erhebung durch den „Amptman zu Berpurgh“ Gerhart von Benzeraidt ziele mir 13 Steierunitéiten
1537 Lellig – Aus der Erhebung durch den „Amptman zu Berpurgh“ Gerhart von Benzeraidt ziele mir 12 Steierunitéiten
1540 Lellig – D’Duechter vum Wilhelm vu Lellig vu Berbuerg bestuet den Dietrich Mohr von Wald. Deenen hier Nokommen haten nach bis un d’Enn vum 18. Joerhonnert vill Lännereien zu Berbuerg.
1542 Berbuerg – De Salentin von Isenburg, Jong vum Salentin vun Isenburg an dem Elisabeth vun Honolstein huet sech als Generol vun der Staat Lëtzebuerg am Krich vun 1542-1544 ausgezeechent. Hie stierft den 16. Februar 1544 zu Metz. D’Ierwin ass seng Schwëster Anna von Isenburg.
1560 Berbuerg – De Rot gëtt Uerder den 25.02.1560 un all Héichgerichtshären an „Amtleit“ eng Opstellung vun de Parkierchen mat der Nennung vun de Paschtéier opzestellen an eranzereechen. D’Herrschaft Berbuerg gëtt folgendes un: Billich, Overbillich, Mertert, Manternach und Lellich ist eyne pfahr und ein vicarat. Pastor ist stets der Probst zu St. Simeon, Trier; St. Maximin bei Trier ernennt den vicarius perpetuus und dieser „stellt einen caplan zu Manternach; vicarius perpetuus ist zur Zeit Peter Luich, der zweite Kaplan Friedrich, aber bedient Manternach, Mertert und Lellich.
1563 Berbuerg – D’Erica von Manderscheid bestuet sech 1563 mam Grof Philipp von Nassau-Saarbrücken. Sie ass no enger aler Graafplakett an der Kierch zu Thal St. Arnold den 29.12.1639 gestuerwen.
1564 Berbuerg – D’Elisabeth von Manderscheid bestuet sech mam Florentin von Pallard, Grof vu Culenburg. Sie haten eng Duechter: D’Elise vu Culenburg.
1564 Berbuerg – An der Zäit vu 1564 bis 1565 huet sech keen Huissier wéinst enger geféierlecher stierflecher Krankheet méi bis op Berbuerg getraut.
1570 Berbuerg – De Willibrord vun Iechternach (Pater aus der Abtei Iechternach) ass Paschtouer vu 1570-1587 zu Berbuerg, hien ass 1587 gestuerwen.
1573 Berbuerg – Et muss e schlëmmt Hongerjoer gewiescht sinn, well all d’Dierfer aus der Herrschaft Berbuerg sinn opgefuerdert ginn fir grouss Quantitéiten u Kären ofzeliwweren.
1579 Berbuerg – D’Anna von Isenburg stierft. D’Nokommen hun sech zur lutherescher Léier bekannt an dowéinst gouf d’Berbuerg Herrschaft „pour cause de rébellion et d’hérésie“ vu 1582-1585 konfiskéiert.
1581 Lellig – Et gëtt notéiert, datt d’Paschtéier an d’Seher zur Visitatioun vun den Dekanater trotz den Zäiten aus Krich a Misär zu bestëmmten Zäiten opgefuerdert ware fir aberuff ze ginn.
1583 Berbuerg – De Bernard von Metzenhausen bestuet sech mam Regina Elisabeth von Hagen zur Motten.
1584 Berbuerg – Déi eenzeg Duechter vum Erica vu Manderscheid, d’Anna Amalia vun Nassau-Saarbrécken bestuet sech mam Grof Georg vun Nassau zu Saarbrécken zu Saarwerden.
1587 Berbuerg – De Brandenburg Christian ass Paschtouer vun 1587 un zu Berbuerg
1592 Berbuerg – An enger Erklärung vum 2. Juli 1592 duerch de Notär Philipp von Breitbach gëtt dësen genau Erklärungen zu Bann-Millen iwwert d’Anlag an de Verlaf vum Däich oder och Millekanal, deem säin Ënnerhalt, seng Flichten an och wéi de Mëller e propper ze haalen hun.
1597 Berbuerg - De Schëtzenhaff ass no dem Adam Schütze benannt, deen 1597 am Rot an
Amtmann zu Berbuerg war.
1600 Berbuerg – Ëmm d’Joer 1600 ass de Bernard von Metzenhausen, deen deemools Amtmann op dem Schlaß Berpurgh war genannt ginn. Hien war Här zu Linster, Waldeck a Meesebuerg, kurtréiresche Rôt, Amtmann zu Berbuerg vun der Linn vun Nassau.
1607 Berbuerg – De Claus Hansen gëtt zu Berbuerg als Schäffe genannt an ass Meier zu Hierber.
1609 Berbuerg - Dem Bernard von Metzenhausen säi Jong den Han Herinrich stierft zu Berbuerg den 27. Januar 1609; eng Epitaph hänkt an der Porkierch zu Berbuerg.
1610 Berbuerg - De Bernard vu Metzenhausen këmmert sech ëm de Verkaf vun der Nassauescher Säit vun der Herrschaft Berbuerg als „fondé de pouvoir de Nassau“ un d’Kanner vum verstuerwene Fräihär Johann Dietrich von Metternich.
1610 Berbuerg – De Grof Georg vun Nassau-Catzenellenbogen, Veianen, Dietz a Beilstein iwwerléisst de Kanner vum verstuerwene Fräihär Johann Dietrich vu Metternich d’Hallschent vun den Herrschafte Berbuerg an Zolwer an e véierel vun der Fiels. Als Virmond gëtt de Lothar vu Metternich, Erzbeschof vun Tréier ernannt. Dem Dietrich säi véierte Jong Wilhelm vu Metternich, bestuet mam Magdalena Ursula vun Hallstein, ass Här vun der Hallschent vu Berbuerg ginn. No dem Wilhelm vu Metternich ass de Besëtzer vu Berbuerg deem säin eelste Jong, de Philipp Emmerich vu Metternich, Winnenburg, Här zu Berbuerg a Königswerth, camerer an respectiven Obrist, Burggraven zu Eeger, chuertriereschen Amtmann zu Montauban a.s.w. ginn. Vun him schéngt den Heinrich von Linden seng Deel kaaft ze hun.
1634 Berbuerg – An der Gruecht un engem Hausgiewel erhieft sech e ganz aalt Wee’e Kräiz aus dem Joer 1634. D’Inschrift konnt e fréier nach deelweis liesen, ët stoung drop: Dis Creuz han avgericht den ehrsamen Velten … zuer Ehre Gottes 1634.
1635 Berbuerg – Aus de Feuerstättevereeschnësser ziele mir 30 Steierunitéiten
1635 Manternach – Aus de Feuerstättevereeschnësser ziele mir 19 Steierunitéiten
1635 Lellig – Aus de Feuerstättevereeschnësser ziele mir 19 Steierunitéiten
1636 Berbuerg – Den 30 jährege Krich (1618-1648) huet mat Krich a Pescht zu Berbuerg just nach 14 Haushälter iwwreg gelooss. D’Leit laafen an d’Bëscher sëch verstoppe fier sëch virum Doud ze schützen.
1636 Berbuerg – No der grousser Pescht gouf zu Berbuerg daat sougenannte Peschtkräiz op enger Kopp am Bësch um Schöttbierg opgericht. Well Berbuerg am 30-jährege Krich vun 52 Feuerstette just nach 14 rescht haat an d’Bevölkerung total veraarmt war ass daat éischte Peschtkräitz azs Holz gewiercht. Et ass ëm 1900 verschwonn an duerch ee Kräiz aus Stehen ersaat gin. Anscheinend sin déi Berbuerger, déi nët infizéiert ware während der Pescht op dëss Kopp geflücht fier sëch nët unzestiechen.
1629 Berbuerg – De Materni Peter vun Are lass Paschtouer zu Berbuerg.
1640 Berbuerg – De Pleimling Hieronymous ass Paschtour vu 1640-1694 zu Berbuerg.
1643 Berbuerg – Den Heinrich von Linden ass vu 1643 bis 1656 Amtmann zu Berbuerg, Rot an Direkter vun der Finanzkummer vum Kurfürst an Erzbeschof vun Tréier.
1643 Berbuerg – Aus de Rechnunge vum Amtmann Heinrich von Linden aus der Herrschaft Berbuerg kann een den Armut, deen aus dem 30-järege Krich resultéiert ass liesen:
Von Vogteien sind verfallen: 6 in Wasserbillig, 5 in Mertert, 2 in Manternach. Die Dörfer Bruch und Budler sind ganz verlassen.
1645 Berbuerg – De Vicomte de Turrain huet mat der schwedescher Arméi d’Berbuerger Buerg besat. De Wäin ass mat Eemeren aus de Kellere gedroe ginn, an d’Brout ass de Bauren all wäsch geholl ginn. D’Herrschaft Berbuerg ass ruinéiert.
1645 Manternach – D’Duerf Manternach ass e puer Mol vum Feind geplënnert ginn, sou datt d’Leit komplett veraarmt sinn an näischt bezuele konnten.
1645 Lellig – Zu Lelleg huet de Feind den aarme Leit d’Päerd an d’Kéi geklaut.
1652 Lellig – Nodeems d’Fransousen d’Duerf Lellig geplënnert hun erkläert den Zeihen Gerard, vue datt d’Fransousen am Februar an d’Duerf gefall wieren a sämtlech Päerd geklaut haten wär hien hinne bis op Didenhofen nogaangen an huet seng Päerd an déi vu sengem Begleeder an dozou nach d’Hallschent vun alle konfiskéierte Päerd erëm „restituiert“ zréckkritt. Den Amtmann vu Berbuerg fuerdert awer elo vun deenen zwee Schuedenersatz fir all déi net mat zréck bruechten Déieren.
1655 Berbuerg – An engem Bréif vum 1. Dezember 1655 aus dem Archiv vu Lüttich heescht ët, datt déi Berbuerger d’Schädel-Reliquie vum hellege Lambertus net méi ëffentlech veréiren däerfen, well den Doumkapitel an der Kathedral vu Lüttich dëst och mëscht an nëmme sie den „occiput“ (hënneschten Deel vum Kapp) verléier géifen an dierfen. En zweete Bréif ass den 12. Januar 1656 bei den Erzbëschof op Tréier geschéckt ginn, mee weder Roum, nach Tréier huet dëst gestéiert an déi Berbuerger hun hire Lambertus wieder veréiert.
1656 Berbuerg – Aus de Feuerstättevereeschnësser ziele mir no dem 30-järege Krich nëmmen nach 15 Steierunitéiten, d’hallschent huet ët nët iwwerlieft.
1656 Manternach – Aus de Feuerstättevereeschnësser ziele mir no dem 30-järege Krich nëmmen nach 7 Steierunitéiten, méi wéi d’Hallschent huet ët nët iwwerlieft.
1656 Lellig – Aus de Feuerstättevereeschnësser ziele mir no dem 30-järege Krich nëmmen nach 8 Steierunitéiten, d’Hallschent huet ët net iwwerlieft.
1656 Munschecker – Aus de Feuerstättevereeschnësser ziele mir no dem 30-järege Krich keng Steierunitéiten, ët gëtt notéiert: A Munschecker les maisons sont brûlées; il n’y a là plus personne, de même qu’à Wecker…
1660 Lellig – Déi 4 leschte Mann vu Lellig kloe Folgendes: die 6 beste des dorffs, nämlich Zeygen, Jeughen, Lorentzen, Platzen, Schmidts und Buvers seien anderwertlichen ausgewichen, so daß sie allein die ganze Kontributionssumme nach Diedenhofen liefern müssen. Déi 6 waren an d’Tréirescht oder op Lothringen ausgewandert.
1668 Berbuerg – D’Gräfin vu Fürstenberg verkeeft am Numm vun der Herzogin Cleopha vun Hohenzollern an Arschott, Duechter vum Grof Karl vun Hohenzollern, dee mam Elise Culemburg bestuet war, wat d’Meedsche vum Florentin von Pallard, Grof zu Culenburg war, hiren Deel vun der Herrschaft Berbuerg un d’Gräfin vu Schellart, dem Johann Gérard de Bande, Här zu Waha an deem seng Schwéiesch, der Witfra vum Jean François de Bande.
1670 Berbuerg – Den Heinrich von Linden, Rot an Direkter vun der Finanzkummer vum Kurfürst an Erzbeschof vun Tréier, keeft d’metternisch Deel vun der Herrschaft Berbuerg. Hien war den 19.04.1660 zu Tréier an den Adelsstand gehuewe ginn. An de Rechnunge vun der Herrschaft Berbuerg fënnt een den Heinrich von Linden vun 1643-1656 als Amtmann zu Berbuerg fir d’Familien vun Arenberg, vu Metternich a vu Sultz.
1674 Berbuerg – De Reinhard Koch an d’Susanne Mehn ginn ernimmt, sie waren Amtsleit vun den Häre vu Linden.
1674 Lellig – E grousse Brand, deen a Jäich ugaangen ass gëtt folgendermoosse beschriwwen: Der Brand begann als der junge Jeugh mit Licht nach einem im Dachstroh versteckten groben Bohr suchte, das er zum Anbringen einer Achse in eine Nabe benötigte.
1680 Berbuerg – Enn dem 17. Joerhonnert ass den Metzenhausëschen Haff och nach Bantengut genannt ginn. Dëse Numm ass op d’Famill „de Bande“ zréckzeféieren, di am 17. Joerhonnert Mathär vu Berbuerg war. Ët ass bekannt, datt d’Grofin vu Fürstenberg am Numm vun der Herzogin vun Arschott een Deel vun der Herrschaft Berbuerg un d’Famill „de Bande“ verkaf huet: un d’Gräfin vu Schellaert, de Johann Gérard de Bande, Häer zu Waha an un deem seng Schwéiesch der Witfra vum Jean François de Bande.
1681 Berbuerg – D’Maria Antonia vu Belva, Wittfra vum Johann Bernard vu Linden, Jong vum Heinrich von Linden, erkläert an engem Akt vum Kinneg vu Frankräich, datt Sie d’Hallschent vu Berbuerg besëtzt. Hier Duechter, d’Anna Maria vu Linden bestuet sech mam Charles Guillaume d’Arnould.
1681 Lellig – Laut dem dénombrement de la seigneurerie de Berbourg vum 10.11.1681 war d’Marie Antoinette de Belva, Witfra vum Johann Bernard von Linden Besëtzerin vu 5 Vogteien zu Lellig.
1694 Berbuerg – De Wagner Theobald ass Paschtouer zu Berbuerg vu 1694-1725, hien ass och éischte Paschtouer zu Manternach vu 1685-1698. Keen aanere wéi de Sonnekinneg Ludwig XIV. vu Frankräich perséinlech huet an engem Dokument vum 10. Abrëll 1694 den Theobolt Wagner als Paschtouer zu Berbuerg ernannt.
1698 Berbuerg – De Charles Guillaume d’Arnoult (1653-1720), capitaine de cavalerie, Här vu Schengen, ass Här zu Berbuerg duerch d’Bestietnis mam Anna Maria vu Linden gin. Hie war de Jong vum Präsident vum Provinzialrot zu Lëtzerbuerg, dem Jean Prosper d’Arnoult a senger Frau Margareta Sybilla vu Busbach. Hien ass 1698 an den Adelsstand gehuewe ginn. Nach haut gëtt de Gaart beim Schlass zu Berbuerg „Schengegaart“ genannt.
1700 Berbuerg – Laut engem Akt aus den Archiven de Bourcy vum 5. Oktober 1700 verkeeft de Conrad Philippe vun Heisgen de Mëchelshaff un den Hans Peter Römer, Pensionär vun Iechternach. Den Haff ass nach bis 1734 als „Römisch Hof“ genannt ginn.
1700 Berbuerg – De François Ernest de Bande, Jong vum Jean François de Bande ass Mathär zu Berbuerg. Seng Fra, déi « wohledele » Maria von Stein vum « wohledelen » Här de Bandt vu Berbuerg ass den 22. Januar 1701 zu Berbuerg gestuerwen.
1700 Berbuerg - Ëm d’Joer 1700 gehéiert de Mëchelshaff, oder och Metzenhausëschen Haff dem Fräihör Conrad Philipp vun Heisgen op Schlass Bierg. De Michel Haastert oder Harsdorff vu Biwer pacht den 18. Mäerz 1700 den Haff op iewlëch mat der Bedingung de verfalenen Haff erëm an d’Rei ze setzen. Vun do un gëtt den Haff Michelshaff genannt a gëtt haut nach a Mëchels genannt.
1701 Berbuerg – D’Fra vum Jean François de Bande, dee vu 1700 bis 1709 Mathär zu Berbuerg ernimmt ginn ass, stierft den 22.01.1701 zu Berbuerg. Sie war d’Maria Anna von Stein aus dem Steeschlaß vun Hiefenech.
1703 Berbuerg - De Stäipenhaff, ernimmt ass 1703 de Johannes Steipen, als Hofmann vun der Frau Schwartz. Ët handelt sëch ëmm d’Marie Favier, Fra vum Johann Schwartz, „Erbdurwarter des Provinzialischen und Mähringischen hohen Rates, Base von Reinhard Koch und Susanne Mehn“, déi 1674 lindësch Amtsleit waren.
1709 Berbuerg – De Jean François de Bande stëft zesumme mat senger zweeter Fra, dem Petronella Ludwina de Wecquer, Duechter vum Héichgeriichtshär vu Maacher, dem Karl Emanuel de Wecquer, am Joer 1709 de Kräizaltar aus der aler Porkierch, deen elo an enger Kapell virum Haus Clerf steet. Um Oofschloßsteen fënnt een de Woope vun de Stëfter.
1716 Berbuerg – De Mëchelshaff gëtt vun dem Heinrich Peter Römer senger Fra den 18.01.1716 un hier Niess an Dafgiedel Susanna Magdalena von Stahl per „donationem mortis causa“ verschenkt.
1716 Berbuerg – De Charles Guillaume d’Arnoult gëtt zum Baron de Soleuvre erhuewen.
1717 Berbuerg – An engem Akt vum 17.09.1717 léinen d’Awunner vu Berbuerg bei hirem Paschtouer dem Theobalt Wagner d’Somm vun 24 Reichstaler zur „Erbauung eines Gemeindesaals hier in unserm flecken stehendes Koster oder Schulmeisterhaus nebst bei dem Brunnen gelegen“.
1722 Berbuerg – Den Alphonse Dominique d’Arnoult et de Soleuvre, Fräihär vun Zolwer, Här zu Berbuerg, Déifferdeng, Hierber, Mompech, Fels, Buergermeeschter vu Réimech, Gerichtshär zu Maacher, Member vum Adeslsëtz bestued sech den 14.02.1722 mam Regina vu Metzenhausen (1701-1778), Härin zu Lënster, Duechter vum Johann Philipp vu Metzenhausen an dem Maria Margareta vun Zandt. Hien ass den 05.01.1738 gestuerwen.
1725 Berbuerg – De Godart Cornelius vun Hassel ass Paschtouer vun 1725-1730
1730 Berbuerg – Den Theis Nicolaus ass Paschtouer vun 1730-1769
1734 Berbuerg – De „Metzenhausëchen Haf“ (cense de Metzenhausen), och Bantengut genannt, ass 1734 als réimeschen Haff genannt gin, an duerno just nach Mëchelshaff.
1740 Lellig – Ëm 1740 steet an de Rechebicher vun der Herrschaft Berbuerg, datt d’Anna Regina von Metzenhausen, Witfra vum Alphonse Dominique d’Arnoult et de Soleuvre nach am Besëtz vun 10 Häiser zu Lellig war, dorënner Beekesch, Nékels, Bierg, Zeien, Scholtes an die creutzenvogtey (Kräizen).
1742 Berbuerg – An de Rechnungsbicher vun de St. Maximiner fënnt een 1742 ënnert der Bemierkung Manternach de Numm vun der Berbuerger Follmillen déi op der Grenz vun de Sektioune Berbuerg a Manternach geleeë war. Ët soll sech ëm déi verschwonne Walkmille gehandelt hun.
1745 Berbuerg – De 15. Februar 1745 ass zu Berbuerg en neie Gaalgen opgeriicht ginn, well deen ale säit Méint kapott do louch a sie verflicht ware fir wann e Gaalge futti war e bannent engem Joer erëm opzeriichten.
1747 Berbuerg – An der Klouschterkapell „Lex“ goufe vun 1747 un d’Masse gelies. De Kollator vun der Kapell war de Schlasshär.
gestuerwen
1753 Berbuerg – D’Untertanen vu Manternach, Budeler, Berg, Lellig, Mertert, Wasser –an Uewerbëlleg an Hierber kloen zu Bréissel géint hier Hären déi Eenzelen erlabe géint Geld Louse vun de Fronen ze kafen.
1754 Berbuerg – De Jean-Philippe, Baron d’Arnoult et de Soleuvre, Här zu Berbuerg, reecht eng Demande bei der Regierung an fir eng Genehmegung vun engem „Hüttenwerk“ eran.
1755 Berbuerg – De Jean-Philippe, Baron d’Arnoult et de Soleuvre, Här zu Berbuerg kritt den 28.08.1755(oder 1758) d’Geneemegung op senge Lännereien vu Berbuerg fir bei der Syr ee sougenannten Hüttenwerk, een Héichuewen an een Hummerwierk opzeriichten fir do Eisen ze schmëlzen, ët ze klappen an ze spalten an dësst dann Gewierleef fir an aner Produit‘en ze verschaffen.
Hien war dee berühmte Berbuerger Schangflöpp an hat e Liewen als wëlle Raubritter gefouert. A sengem Testament huet hien néiergeschriwwen, datt hien sengen 2 Päerd tëschent um Berbuerger Héichgericht begruewe soll . Hien ass den 31.01.1786 un engem Schlag gestuerwen.
1770 Berbuerg – Den Oswald Johann Heinrich ass Paschtouer vun 1770-1786
1775 Berbuerg – Dat neit Schlaß gëtt vun de leschten Nokomme vun der Famill d’Arnoult de Soleuvre gebaut nodeems während der franséischer Revolutioun d’Ritterbuerg zerstéiert ginn ass. Ët sinn zu dëser Zäit nach gutt d‘Iwwerreschter vun der aler Buerg ze erkennen. Erzielunge no ass d’Berbuerger Buerg an der franséischer Revolutioun bis op d’Grondmaueren ofgebrannt ginn, soudass domat déi Feudalherrschaft definitiv op en Enn gaangen ass.
1780 Berbuerg - De Schëtzenhaff ass vun den Ierwe vum verstuerwenen Fräihär vun Arnoult an Zolver un de Nikolaus Weber, „Mitoffiziant vun der Herrschaft Berbuerg“ versteet ginn.
1782 Berbuerg - de Jutzenhaff, benannt no dem Besëtzer, dem Här Joutz vun Tréier, méi spéit och „Schultheissenhof“ no dem Nicolas François de Hout genannt, deen „Schultheis“ zu Iechternach war. Säi Jong Theodor Adolf de Hout huet 1782 den Haf un den Henri Damian d’Arnoult et de Soleuvre verkaf.
1785 Berbuerg – Den Henri Damien d’Arnoult et de Soleuvre, 5. Kand vum Alphonse Dominique d’Arnoult et de Soleuvre, bestued mam Eva Theresa, marquise de Coppons, stierft den 20.04.1785. Sie haten 2 Kanner : d’Anne Régine Christine an d’Marie Eve Charlotte Ludovine, dee sech spéider mam François Joseph baron de Waha bestuet huet.
1786 Berbuerg – De Blum Joseph Dionysius vun Useldeng ass Paschtouer vun 1786 bis den 7. November 1800. Hien hat den Eed op d’franséisch Revolutioun net geschwuer an huet sech dowéinst missen an den Haiser vu Berbuerger verstoppen déi net régime-trei waren.
1789 Berbuerg – De Franz Josef, Baron de Waha dit de Baillonville bestuet d’Marie Eve Charlotte d’Arnoult et de Soleuvre den 22. Juni 1789 an ass domat Mathär vu Berbuerg ginn. Hien war gebuer de 16.06.1758 als Jong vum Hermann Theodor Joseph Ambroise Dominique baron de Waha dit de Melreux an dem Anne Jeanne Charlotte baronne de Waha dit de Baillonville de Margery. De Franz Josef war an éisträicheschem Déngscht a koum am Dragonerregiment als Premierleutnant vun Arenberg op Lëtzebuerg. Hien hat d’Würd vun engem Haaptmann, an dowéinst gëtt och haut nach ëmmer d’Schlass „Haaptmann’s Schlass“ genannt.
1790 Berbuerg – De Philippe Eugène Arnoult Joseph Raymond, Baron de Waha gëtt de 5. Mee 1790 an der Staat gebuert. Hien huet sech als einfache Bauer mat senger Fra dem Maria Catharina Hostert zu Berbuerg néiergelooss an huet de Baurebetrieb a Baakes gegrënnt.
1791 Berbuerg – D’Wittfra vum Henri Damien d’Arnoult et de Soleuvre, d’Eva Theresa bestuet sech no dem Doud vun hirem Mann nach eng Kéier den 23.08.1791 mam Charles Joseph Petit, Major an engem würtembergesche Regiment.
1792 Berbuerg – De François de Waha, Här vun Arsdorf a Grümmelscheid keeft de 14. Februar 1792 fir 8000 Daler d’Berbuerger Hütten. Hien verpacht dës un den Joseph Léopold Fabert, Erbauer vum Spaltwierk „Les Rochers“ zu Manternach.
1793 Berbuerg – De Charles François de Waha gëtt den 21. Dezember 1793 gebuer. Hien zéit 1813 an 1814 mam Napoleon an de Krich.
1794 Berbuerg – D’Schlass dat zur Ritterbuerg gehéiert huet ass elo ganz zerstéiert ginn.
1800 Berbuerg – De Schmit P. war Verwalter vun der Berbuerger Par vum 15.11.1800 - 20.01.1802. Hie war Pater vun Orval.
1802 Berbuerg – De Kolf Nikolaus war vum 20.01.1802 - 01.03.1809 Paschtouer zu Berbuerg. Him ass no der neier Besetzung no der Revolutioun een „avis favorable“ erstallt ginn.
1802 Berbuerg – De Charles Joseph Théodor de Waha gëtt den 23. Januar 1802 gebuer. Hien déngt 1822 an hollänneschen Déngschter.
1806 Manternach – Den Här Fabert kritt den 12. August 1806 d’Geneemegung fir en Eisespaltwierk an en Hummerwierk tëschent Wecker a Manternach opzeriichten. Dëst gëtt „Les Rochers“ genannt. Trotz Asproch vum Här de Waha deem d’Berbuerger Hütte gehéiert mat der Widerléeung vum Här Fabert, datt déi Berbuerger Schmëdd schlecht fonctionnéiert a verfall ass, an den Här de Waha keng Sue méi hätt fir a seng Schmëdd z’investéieren.
1806 Berbuerg – D’Berbuerger Hüttewierk gëtt un den Nicolas Collart aus Schenge fir 31.000 Frang verkaf.
1807 Berbuerg – Den Haff vum Här Mohr von Waldt : D’Famill Mohr von Wald als Iewen vun der Famill « von Lellig von Berburg » war nach 1807 am Besëtz vu gréissere Lännereien zu Berbuerg.
1808 Berbuerg – De Franz Joseph, Basron de Waha ass an der Gemengeversammlung vum 1. Floréal an V an der Berbuerger Kierch mat grousser Iwwerzuel als Agent vum Gemengewiesen ausgeruff ginn; zesumme mam Michel Portz aus Weisgierwech als Adjudant. Dunn ass hien Buergermeeschter vun der Gemeng Berbuerg vun 1808-1812 ginn.
1809 Berbuerg – De Court Wilhelm vun Uewerdonven ass Paschtouer vun 01.03.1809 - 07.12.1819. Hien ass de 7. Dezember 1819 gestuerwen.
1813 Berbuerg – De Charles François de Waha zéit 1813 an 1814 mat der 11. Kompanie vum 2. Keeserleche Garderegiment a Sachsen an um Rhäin ënnert dem Napoleon an de Krich. Den 8. Mee 1814 ass hien mat der Eirung „Fleur de Lys d’Argent“ ausgezeechent ginn. Hien huet zu Berbuerg d’Elise Maximiner aus dem Schëtzenhaus bestuet. Hien ass am héijen Alter als Feescht-Brigadier zu Moesdorf gestuerwen.
1813 Berbuerg – Den Antoine Pantaleon Procop Michel Jean Nepomugene d’Arnoult et de Soleuvre huet 1812/1813 mat sengen 3 Gebridder d’Besëtzer gedeelt, an hien krut mam zweete Lous die Berbuerger Besëtztimmer mat den 2 Schlässer.
1813 Berbuerg – Den Antoine d’Arnoult et de Soleuvre als leschten Nokomme vun der Famill d’Arnoult et de Soleuvre léisst die meeschte Lännereien den 10. Mee 1813 versteeën.
1817 Berbuerg – Den Antoine de Soleuvre schenkt der Kierchefabréck den 12. Oktober 1817 d’Iwwerreschter vum ale Schlass „Schengenschloß“ an dem d’Gemengeverwaltung ënner héije Käschten eng Wunneng fir de Paschtouer ageriicht huet. Dat aalt Paschtoueschhaus, dat haitegt Haus Clerf war an der Revolutioun konfiskéiert a versteet ginn. Hie war der Meenung, datt ët mat de villen Iwwerreschter vum ale Schlass méiglech misst sin fier eng nei Kirch ze bauen. Déi ëffentlech Kapell um Fouss vum Buergschlasse ass ewechgeraumt ginn, d’Maueren deelweis ofgedroe ginn, mee den Erléis war minim. Schon no 8 Joer war vun der Buerg net méi vill ze gesinn.
1818 Berbuerg – Den Anton de Soleuvre, dee pensionéierten Haaptmann vun der keeserlecher Arméi war ass mat senger Fra a senger eenzeger Duechter Marie-Antoinette am neie Schlass agezunn, dat vun den Duerfleit zimlech séier deemools ewéi och haut nach d’Haaptmann’s Schlass genannt ginn ass.
1820 Berbuerg – Den Tock Johann vu Bauschleiden ass Paschtouer vun 16.03.1820 - 30.12.1828.
1822 Berbuerg – De Charles Joseph Théodor de Waha geet an déi hollännesch Déngschter a gehéiert dem 6. Husareregiment un. Hien ass un de belschen Revolutiounskämpf op hollännescher Säit bedeelegt an ass dunn 1841 a Lëtzebuerger Déngschter gewiesselt wou hien 1859 als Major seng Entloossung entgéint geholl huet. Hien ass den 30. Januar 1880 als Oberstleutnant zu Diekrech gestuerwen.
1824 Berbuerg – Den Antoine de Soleuvre vu Buerglënster huet vun 1819 bis 1823 verschidde Lousen vum Haaptmann’s Schlass vum traurege Rescht vun dem brillanten Iewen vum Joseph Franz Baron de Waha deen héich verschëllt vun deem senge Kanner zréckkaaft. Den Antoine de Soleuvre war de Neveu vum Erbauer dem Henri Damien d’Arnoult et de Soleuvre. Op dësem Wee ass d’Haaptmann’s Schlass a Familljebesëtz bliwwen.
1828 Berbuerg – Den Pletgen P. vu Lellingen ass Paschtouer vun 30.12.1828 - 06.11.1845.
1830 Berbuerg – Den 22. November 1830 komme bei engem Groussbrand a Wénkels sechs jong Mënschen ëm d’Liewen. Ët waren de Johann Hansen aus Mëchels (38 J.), de Mathias Kinnen aus Traapen, de Wilhelm Palgen aus Tissen-Purtzen (12 J.), de Franz Weber aus Kellesch um Schlooss (34 J.), de Peter Weis aus Schulmeschtesch (28 J.) an de Nikolaus Wengler aus Franken (32. J.).
1835 Berbuerg – Den Antoine de Soleuvre léisst mat sengen zwee Bridder d’Gebeen vu senge Virfaren aus den Iwwerreschter vun der fréierer Schloßkapell ausgruewen an dës an d’Famillje Graf bei der aler Kierch bäisetzen. Eng Erënnerungsplack ass gemaach ginn, déi een elo an der neier Kierch fënnt.
1837 Berbuerg – De Nicolas Collart verpacht den 28. Abrëll 1837 duerch en Akt beim Notaire Mothe aus Eich d’Berbuerger Wierk op 10 Joer un d’Gebridder Charles, Norbert an Auguste Metz wéi een aus den Archive vum Herr Robert Metz liese kann.
1837 Berbuerg – D’Regierung gëtt der Kierchefabréck d’Recht fir dat aalt Schengenschloß ofzerappen an d’Materialien op der Platz ze verkafen. Dësen Erléis, deen awer zimlech kleng war sollt fir de Bau vun enger neier Kierch genotzt ginn.
1837 Berbuerg – D’Antoinette d’Arnoult et de Soleuvre bestuet den 25. Januar 1837 zu Manternach mam Christophe Philippe Bernard de Nell, Händler vun Tréier, ass déi leschte Schlasshärin zu Berbuerg. De Christoph Nell, genannt den Haaptmanns Nell huet seng Frau schon 1861 verlooss an ass zu Perl gestuerwen. D’Fra Antoinette war eng Frau mat groussem Härz déi den Aarmen där ët zou där Zäit zu Berbuerg ganz vill gi sinn vill gehollef huet.
1840 Berbuerg – Am Deliberatiounsbericht vum Gemengerot vu Manternach heescht ët, datt déi al Schoul am gaangen ass ze verfaalen a souwisou vill ze kleng ass. (Buergermeeschter: Mathias Prost, Schäffen: Ph. E. de Waha, Fran Hoffmann)
1844 Lellig – Den 28. Mäerz 1844 erhieft d’apostolescht Vikariat an der Staat déi vu Manternach oofhängesch Filial Lellig zu enger selbststänneger Par.
1845 Berbuerg – Den Metz Josef vu Woltz ass Paschtouer vun 13.11.1845 – 24.09.1855
1847 Berbuerg – Den 12. November 1847 gëtt e Brand op dem Bierg bemierkt deen d’Haiser vum Mathias Colbet an dem Johann Back zerstéiert hun. De Schued gëtt op 1500 aler Frang geschätzt. De Schäffen P.E. de Waha huet extra dem Distriktskommissär e Bréif geschriwwen, datt hien gefällegst de Kantonal-Dokter schécke soll, well sech e puer vun de Leit déi gehollef hun ze läschen blesséiert hätten. Dobäi huet hien och betount, datt déi Berbuerger déi gehollef hun de Brand ze läschen sech excellent ausgezeechent hun.
1847 Berbuerg – Déi nei „al Schoul“ bei der haiteger Duerfplaz gëtt gebaut. Interessant ass, datt no engem Schreiwes vum Distriktskommissär iwwer Lokalgefängnisser de Gemengerot geäntwert huet, datt een esou e Lokalgefängnis ënnert der Trap an der „aler Schoul“ mat gerénge Käschten ariichte kéint.
1849 Berbuerg – An der Nuecht vum 5. op de 6. September 1849 ass zu Berbuerg e Groussbrand gemellt. Aus de Gemengenarchiven stellt ee fest, datt d’Entschiedegunge ganz héich waren a vill Persoune betraff waren. Vun Affer ass nët riets. De Schued war och nëmmen zu engem Deel vun der Versécherung gedeckt, soudass esou guer déi Manternacher, Lellëger a Menjhécker sech bereet erklärt hu fir Material fir déi Betraffen ze sammelen. Déi geschiedegt waren: Johann Clasen aus Thinessen, Schued fir 2200 Frang, Mathias Herzig aus Eiwen, 2200 Frang, Nikolaus Braun aus Knepges 1500 Frang, Nikolaus Pütz aus Pötzen 950 Frang, Maria Wagner, 300 Frang, J.B. Reuter, 88 Frang an de Michel Hansen, de Propriétairen 80 Frang. No dëser Katastroph huet d’Parhaus zu Berbuerg e Schieferdaag kritt.
1849 Berbuerg – D’Cholera-Epidemie ass den 9. September 1849 zu Berbuerg ausgebrach. Berbuerg hat 21 Affer an 100 Kranker duerch dës Seech ze bekloen. Well Berbuerg total veraarmt war, keen Dokter a kee Pflegepersonal do war, huet de Buergermeeschter Philipp Eugène de Waha selwer Hand ugeluecht an un der Fleeg vu jidderengem Eenzelen Deel geholl. Doduerch huet hien selwer säin Doudesuerteel ënnerschriwwen.
1849 Berbuerg – De leschten Doudegen vun der Cholera-Epidemie ass de Philippe Eugène Arnoult Joseph Raymond, Baron de Waha. Hien ass als Buergermeeschter vun der Gemeng Manternach de 15. Oktober 1849 gestuerwen.
1849 Berbuerg – Den 2. November huet e Brand d’Haus vum Johann Clasen an Thinessen zerstéiert. De Schued war fir 2600 Frang, war awer nëmme fir 900 Frang vun der Versécherung gedeckt. Dowéinst gouf, well d’Keess vun der Sektioun Berbuerg e groussen Defizit opzeweisen hat, d’Regierung gefrot fir eng aussergewéinlech Bäisteier ze gin.
1852 Berbuerg – Am Deliberatiounsregister vun der Gemeng Manternach steet: Die Sektion Berburg kann unter die ärmsten Lokalitäten des Landes gerechnet werden. Die Zahl der Armen, welchen Unterstützung verabreicht werden müssen beläuft sich auf 138. Gesamteinwohner etwa 800.
1854 Manternach – Déi Manternacher kréien eng Feiersprëtz, ët ass déi éischt an der Gemeng.
1854 Berbuerg - Am Deliberatiounsregister vun der Gemeng Manternach steet: Schier ganz Berburg erhält Unterstützung aus dem Wohltätigkeitsbureau.
1855 Berbuerg – De Müllendorf Victor aus der Staat ass Paschtouer vun 29.09.1855 – 15.11.1857
1857 Berbuerg – De Leysen Johann Nikolaus vu Suessem ass Paschtouer vu 15.11.1857 – 20.04.1892. Hien ass den 20. Abrëll 1892 gestuerwen.
1858 Berbuerg - - Am Deliberatiounsregister vun der Gemeng Manternach steet: Die Sektion Berburg ist äußerst arm und besteht aus fast lauter Proletariern.
1859 Berbuerg – D’Arbeschten an der Berbuerger Hütte ginn agestallt, an domat dëst interessant industriell Kapitel ofgeschloss.
1865 Berbuerg – D’Cholera huet erëm vill Dierfer aus Lëtzebuerg fest am Grëff, die Häre Mehn Bernard, Larue Wilhelm a Schram Michael ginn als Comissaire’en ernannt, déi d’Virschrëften iwwerwaache solle fir datt d’Leit sech net ustiechen.
1866 Munschecker – D’Cholera ass de 15. Juni 1866 ausgebrach. Ët goufen ongeféier 45 Kranker. Doudeger waren ze bekloen: 3 Männer, 2 Fraen, ee Kand.
1866 Berbuerg – D’Cholera huet 29 Affer gefuerdert. Sie war de 19. Juni 1866 zu Berbuerg ukomm. Doudeger waren ze bekloen: 10 Männer, 12 Fraen a siwe Kanner. Et sinn ongeféier 350 Kranker ginn.
1866 Manternach – D’Cholera ass den 26. Juni 1866 ausgebrach. Manternach hat prozentual déi héchste Verloschter (6,67% vun der Bevëlkerung). Doudeger waren ze bekloen: 12 Männer, 4 Fraen a 5 Kanner. Am Ganze waren et ongeféier 150 Kranker.
1866 Lellig – D’Cholera ass den 18. Juli dann och zu Lelleg opgetaucht. Doudeger waren ze bekloen: 1 Mann. Et goufe just 5 Kranker, wat vis-à-vis vun den aneren Dierfer wéineg war.
1868 Berbuerg – Beim Neibau vun der Schoul war keng Wunneng fir de Schoulmeeschter virgesi ginn. Dofir wollt de Gemengerot dat ëm 1863 gebauten Hirdenhaus mat gerénge Käschten zu 2 Wunnenge fir d’Léierpersonal ëmbaue loossen.
1870 Lellig – Am Hierscht 1870 ass déi nei Kierch fäerdeg gebaut an de 27. Oktober 1870 ass se sakraliséiert ginn.
1880 Berbuerg – De 19. Juli 1880 brennt de ganzen Heesenék erof. Aacht Familljen hate bannen e puer Stonne keen Doheem méi an alles verluer. Nëmme véier vun hinne waren iwwerhaapt Hallwes verséchert. Ët si Kollekte gehaal ginn, an d’Regierung huet mat Staatssubide gehollef, mee ët war fir déi Betraffene ganz schwéier fir erëm aus där Nout erauszekommen.
1682 Lellig – De Johann Dietrich Mohr von Wald léisst sech den 20.04.1682 den Adel an de Wope vun der Famill „von Lellich von Berburg“ durch de Lothar Braun von Schmitburg, commandeur de l’ordre teutonique à Trèves bestätegen.
1883 Berbuerg - Den Hansen Nikolaus vu Berbuerg ass Paschtouer zu Esch vun 1883-1890
1887 Berbuerg – Grënnung vun der Berbuerger Musek
1889 Berbuerg – Grënnung vum Sängerbond Berbuerg (Kierchechouer)
1892 Berbuerg – De Moes Nikolaus vu Réimech ass Paschtouer vun 19.05.1892 – 01.10.1913
1895 Berbuerg – D’Schwëstere vun der helleger Elisabeth aus der Staat steeën d’Haaptmann’s Schlass zum Präis vun 21.000 Lëtzebuerger Frang vum Grof Henri de Miscault de Cressac vum Schlass Helferdange bei Faulquemont. Hien war de Neveu vum Baron de Cressac de Soleuvre dee per Testament vun de leschten « de Soleuvre » d’Haaptmanns Schlass verierft krut. D’Schwësteren hun 1895 e Weesenheem do ageriicht.
1896 Lellig – De 15. Juni 1896 schléit de Blëtz an de Lelliger Kierchtuerm a beschiedegt dësen nawell vill.
1898 Berbuerg – Déi nei Kierch ass fäerdeg gebaut, an déi éischt Mass ass den 10. Dezember 1898 gehale ginn.
1899 Berbuerg – D’Klouschterkapell „am Lex“ ass nei opgeriicht ginn. Op hirer Platz stoung eng al hallef verfalen hëlze Kapell op engem Terrain deen de Grof Henri de Miscault de Schwëstere vun der helleger Elisabeth mat der Bedingung se nei opzeriichte geschenkt huet. D’Muttergottesstatue déi haut nach dran ass soll schon an der aler Kapell dra gewiescht sinn. Dës hallef verfale Kapell war déi fréier Ordilienkapell. Sie ass wahrscheinlech no dem 30 järege Krich, Enn 17., Ufanks 18. Joerhonnert gebaut ginn.
1898 Berbuerg – Déi nei Parkierch gëtt duerch de Bëschof Koppes ageweit wou d’Ludwig Catherine aus Beecher Kätti de Begréissungsbréif virliest.
1899 Berbuerg – De Steimetz Wilhelm ass Paschtouer zu Hëpperdang vum 03.07.1899 – 05.11.1906, duerno zu Habscht vu 05.11.1906-30.08.1915, an duerno zu Jonglënster vun 30.08.1915-01.10.1932.
1900 Berbuerg – D’Regierung verhandelt mat der Genossenschaft vun de Schwëstere vun der helleger Elisabeth well sie zu Berbuerg e Blannenheem installéier wëll. Kuerz duerno sinn déi éischte blann Leit do agezunn an d’Personal ass am Ausland op déi nei Missioun fir Blanner ze verfleege forméiert ginn.
1900 Berbuerg – 60 Joer laang hat déi al Schoul keng Spillplaz. De Gemengerot hëlt d’Offer vun der Kierchefabréck déi d’Gemeng fir näischt krut de 5. Mee 1901 un. Ët handelt sech ëm d’Platz „op der Kapell“, do stoung fréier d’Schlasskapell zum Hl. Stefan. Déi Kapell war an der franséischer Revolutioun bal komplett zerstéiert ginn, a spéider vum Baron Antoine d’Arnoult et de Soleuvre mat deem ale Schlass der Kierchefabréck geschenkt ginn.
1902 Berbuerg – Zu Berbuerg ginn d’Fräiwëlleg Pompjeeë gegrënnt. D’Grënnungsmembere waren zu 37 Mann.
1904 Berbuerg – D’Gemeng Manternach keeft de 7. Juli 1904 d’Becher Quell „Fohlwasser“ fir d’Uertschaft Berbuerg well do scho Joer Zéngten en akute Waassermangel besteet.
1905 Lellig – Zu Lellig ginn déi fräiwëlleg Pompjeeë gegrënnt. Sie haten 1906 31 Leit.
1913 Berbuerg – De Schock Franz Josef vu Maacher ass Paschtouer vun 20.09.1913 – 01.11.1925
1913 Berbuerg – Déi éischte Schoulmeeschter’s Wunneng gëtt am alen Haus Schram-Mehlen bei der Kierch (Wénkelshaus) gebaut. An dësem Haus ass och de Gemengesekretariat. Méi spéit ass d’Haus als Depot fir Liewensmëttel déi vun der Gemeng opkaaft gi si fir den Aarmen ze hëllefe benotzt ginn.
1914 Berbuerg – De Pierre Kersch a seng Fra d’Elise Hurt aus Haans hun zesumme mat hirem Meedchen dem Kätti an dem Jong dem Misch vun 1914 bis 1918 déi Berbuerger Molkerei gefouert nodeems d’Pabeierfabréck zu Manternach um Ufank vum éischte Weltkrich zougemaach hat wou de Pierre Kersch geschafft huet. Ët war eng schwéier Arabescht, bis zu 1000 Liter Mëllech goufen all Dag verschafft.
1917 Berbuerg – De Poos Jean vu Berbuerg ass Paschtouer zu Itzeg vun 12.02.1917 – 17.09.1919 an Direkter am Konvikt zu Dikrech vun 1919-1945. Hien ass gestuerwen de 25.07.1964.
1919 Lellig – De Lellëger Fussball Veräi gouf gegrënnt.
1921 Lellig – Déi Lelleger Pompjeeë feieren den éischte Kantonaldaag mat Fändelsaweiung.
1925 Berbuerg – De Weisgerber Johann Peter vun Esch ass Paschtouer vu 05.10.1925 – 08.05.1945
1928 Berbuerg – De Veräi Gaart an Heem gouf vum Jos Rischette gegrënnt.
1933 Berbuerg – Den Engel Alphonse Georges vu Berbuerg ass Paschtouer zu Wolflingen vu 07.09.1933 – 25.04.1941.
1935 Berbuerg – Déi Berbuerger Pompjeeë feieren d’Kantonalfest.
1936 Lellig – An der „Ons Heemescht“ schreiwen de Richard Maria Staud a Jos. Reuter an engem Bäitrag iwwer Kirchlechdenkmäler: Lellig war Sitz einer Schlossherschaft aus dem Geschlecht der Berburger.
1938 Lellig – E Groussbrand am Bauerebetrib Corneille Wildgen.
1940 Berbuerg – Den 10. Mee 1940 ëm 5 Auer hun déi Berbuerger déi éischt verdächteg Motor’s a Fliger’s Geräischer vun de Preisen héieren déi amarschéiert sinn. Wéi sie dunn op d’Strooss kucke gaange sinn, sinn d’Preise scho mat de Motorrieder mat Maschinnegewierer vir drop iwwer d’Steierhicht gerannt komm. Nomëttes war du schon alles voll mat preiseschen Zaldoten, Päerd, Kanounen a Panzer. D’Fransousen, wou d’Leit gemengt hun déi géife séier zréckschloe sinn awer net zur Hëllef komm, vill ze grouss war déi preisesch Iwwermuecht.
1941 Manternach – Zu Manternach ass e Fussballveräi gegrënnt ginn, deen awer nëmme bis 1946 bestaan huet. Et war sécher net einfach fir am Krich esou e Veräin um Liewen ze erhalen.
1948 Berbuerg – Den F.C. Berdenia Berbourg gouf gegrënnt. Virdrun ass och schon 1939/1940 zu Berbuerg Fussball gespillt ginn.
1942 Berbuerg – De Schrëftsteller a Journalist Franz Clement vu Mondorf deem seng Mamm aus Gridde war hat sech am Krich 1941 a Beecher Kätti zréckgezunn a verstoppt. Duerch dat wat hie geschriwwen hat war hien de Preisen en Dar am Aen an hien hat gehofft datt sie hien zu Berbuerg roueg loosse géifen. Mee sie haten hien net vergiess an d’Gestapo ass hien dunn 1942 op Berbuerg verhafte komm an hun hien dunn 1943 zu Dachau erschoss.
1943 Berbuerg – De Kersch Victor, deen an d’Wehrmacht als Zwangsrekrutéierten agezu gi war ass den 15.09.1943 bei Nowo-Iwanowka (Russland) gefall.
1943 Berbuerg – De Bruch Pierre deen an d’Wehrmacht als Zwangsrekrutéierten agezu gi war ass den 06.11.1943 op der Krim gefall.
1943 Berbuerg – De Stoos Albert deen an d’Wehrmacht als Zwangsrekrutéierten agezu gi war ass den 16.12.1943 bei Jassenowizi a Russland gefall.
1944 Berbuerg – De Weis Emil, desertéiert an d’Armée Blanche, gefaange ginn als Maquisard den 02.02.1944 am Camp Lierneux no enger Schéisserei mat der SS. Vun 18 Lëtzebuerger huet d’Halschent bei dësem Iwwerfall d’Liewe misse loossen. De Weis Emil gouf den 19.09.1944 zesumme mat 12 aner Lëtzebuerger Komeroden zu Frankfurt-am-Main erschoss.
1944 Lellig – Den 20. Oktober 1944 sinn zu Dietz a.d. Lahn 16 jong Lëtzebuerger Jongen vun der Wehrmacht erschoss ginn, dorënner war de Frères René vu Lellig.
1944 Berbuerg – Den 12. September 1944 war Berbuerg fräi vum preiseschen Okkupant an d’Refraktären déi doheem verstoppt ware konnte mat hire Familljen a mat den Amerikaner déi hinnen d’Fräiheet bruecht hate feieren. D’Preisen hun dorops mat hire Kanounen d’Lëtzebuerger Grenzuertschaften, och Berbuerg, beschoss.
1944 Berbuerg – Den 18. Oktober 1944 huet Berbuerg missen evakuéiert ginn nodeems en Doudegen duerch d’Artillerie Ugrëff ze bekloe war. Sie hu mat Sak a Pak Berbuerg verlooss a sinn an d’Land gezu wou sie bei anere Leit ënner Daach komm sinn.
1945 Berbuerg – Ëm de 15. Mäerz 1945 konnten déi evakuéiert Berbuerger erëm heem goen nodeems och dee leschte Preis verdriwwe gi war.
1945 Berbuerg – De Gelhausen Auguste vu Schieren ass Paschtouer vun 08.09.1954 – 13.07.1971
1955 Berbuerg – An der Gemengerot’s Sëtzung vum 16. Juli 1955 beschléisst de Gemengerot de Bau vun enger neier Schoul, wat haut ze Daags och schon erëm déi „al Schoul“ genannt gëtt.
1957 Lellig – Et huet am Uwiese vum Jos Rippinger gebrannt. (28.04.1957)
1957 Lellig – Groussbrand am landwirtschaftleche Betrib Jacoby-Demuth de 14. Mee 1957.
1962 Lellig – Groussbrand am Haff Brauch-Sins den 29. Oktober 1962
1969 Lellig – Brand an den 2 Uwiesen Hauffels a Konsbréck den 17.02.1969
1971 Berbuerg – Georges Nicolas Kopstal ass Paschtouer vun 08.09.1971 - ??.??.????
1973 Berbuerg – Den 18. Mäerz 1973 ass eng Versammlung vun der „Entente des Sociétés“ um 20:15 Auer aberuff gi fir d’Grënnung vun engem „Syndicat d’Initiative et de Tourisme“.
1973 Lellig – De leschte Kantonaldaag zu Lellig ass de 15. Juli 1973 wou déi 24 Memberen dëst grouss Ereegnes organiséieren.
1975 Berbuerg – Grënnung vum Dësch-Tennis Club Berbuerg. (D.T. Berbuerg).
1975 Berbuerg – D’Pompjeeë kréien en neie Ford Transit TSF mat enger neier TS8/8 Sprëtz.
1979 Berbuerg – Zu Berbuerg hun e puer Idealisten de Basket’s Club BBC Avenir gegrënnt.
1979 Lellig – Um Péngschtdënschdeg de 6. Juni 1979 gëtt Lelleg Affer vun engem Wolkenbruch. Et dauert just e puer Minute bis datt d’Waasser bis zu 50cm an de Stroossen, Kelleren de Ställ an de Wunnhaiser steet. Mat Hëllef vu villen Nopesch-Pompjee’s Corps’en an der Protection Civil vu Mertert ass probéiert gi fir esouvill Déiere wéi méiglech virum erdrénken ze retten.
1981 Lellig – Den 10. Oktober ass e Kamäibrand am Café Roob-Hurt.
1982 Berbuerg – Grënnung vun de Fraen a Mammen déi bis d’Joer 2003 schon 56.416,58€ am In- an Ausland gespent hun.
1984 Lellig – Groussbrand am landwirtschaftleche Betrib Jean-Pierre Lies-Schiltz.
1996 Manternach – Am Joer 1996 sinn d’Jugendpompjeeë vun der Gemeng Manternach gegrënnt ginn.
Quellen
D'Donnée'en stamen aus verschidde Broschüren déi am Laf vun der Zäit vun de Veräiner aus der Gemeng erstallt gi sinn. Dëst ass just eng kleng Oplëschtung vun Ereegnisser déi am Laf vun der Zäit geschitt si fir datt Leit, déi sech fir d'Geschicht vun der Gemeng interesséieren e klengen Iwwerbléck kréien.
