Service Digitaliséierung
Fotoen
Mir digitaliséiren all Zort vu Fotoen an Dokumenter aus der Gemeng Manternach bis DinA3+
Videoen a Filmer
Mir kënne VHS Kassetten an 8mm Filmer déi aus der Gemeng Manternach sin am "Normal" a "Super" digitaliséiren.
Diaen
Dia'en, déi aus der Gemeng Manternach sin, kënne mir a gréissere Massen ascannen.
Dir wollt schon ëmmer emol wësse wien Är Virfahre waren?
Mir maachen eis op d'Sich fir Iech an erstellen Iech e Stammbam
Wéi muss een do virgoen?
Dir sot eis wéi vill Generatioune mir solle sichen an deelt eis déi eelste bekannte Persoune mat a mir ginn da fir Iech an d'Kierchebicher an d'Gemengenarchiven op d'Sich no Äre Virfaren. Vun all Persoun déi mir da fanne kritt Dir eng Kopie vum Akt esou kënnt Dir sécher sinn, datt och alles herno richteg ass.
d'Veraarbechtung vun den Donnéeë
Mir erstelle mat enger spezieller Software en digitale Stammbam a fëllen dësen esou wäit wéi dir wëllt oder wéi eppes ze fannen ass.
a wéi enger Form kréit een dat dann?
Nodeems d'Donnéeën esouwäit komplett sinn kënne mir Iech de Stammbam op iergendeen digitaalt Medium wéi DVD, USB-Stick, extern Festplack, Cloud, a.s.w. zur Verfügung stellen. Mir kënnen Iech Ahnendiagrammer esou wéi och ganz Bicher vun Äre Virfaren erstellen..
